Date/Time
Date(s) - 28/03/2026 - 04/04/2026
Ganzen Dag
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
Hues du Loscht selwer Filmer ze produzéieren an eng Woch an d’Filmwelt an ze tauchen? Bei der Filmakademie Geflimmers léiers du a spannenden Atelieren, wéi e Film entsteet – vum éischte Skript bis op déi grouss Leinwand. An eise Workshops dréis du zesumme mat anere jonke Filmbegeeschterten deng eegen Zeenen, probéiers dech virun an hannert der Kamera aus an entdecks nei Talenter.
Als Highlight erwaart dech och dëst Joer e live Theateroptrëtt vun eiser talentéierter Crew. An dat Bescht: Duerch d’ganz Woch ginn dir erfuere Profien aus der Filmbranche Tipps a weisen dir, wéi’s du deng Iddi’en richteg grouss era bréngs.
Zum Ofschloss gëtt däi Film op der grousser Leinwand gewisen – fir Famill an Frënn an enger richteger Kino Stëmmung mat Popcorn. Also: Kamera un, Valise gepak a komm dobäi – eng Woch voller Aktioun, Spaass a Kreativitéit waart op dech!
D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit