Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 17/08/2024 - 30/08/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Weicherdange

Categories


Hues du Loscht fir 11 Deeg laang super Aktivitéite matzemaachen? Fir dech mat Kollege gutt z’amuséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen? Wëlls du selwer décidéiere wéi eng Atelier’en, Aktivitéiten an Hiken dass du maachen wëlls? Selwer entscheeden kennen, am Zelt oder am Haus ze schlofen? An och de Stau mam Kayak, Stand Up Paddle oder mam Flooss nei ze entdecken? Da mell och du dech schnell fir d’Erliefniskolonie zu Wäicherdeng un!

Op dëser Kolonie schlofe mir am Dortoir oder a groussen Zelter op Feldbetter, dëst entscheeden déi Jonk selwer. Desweideren ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.

Tickets

You must log in or register to make a booking.