Karte nicht verfügbar

Date/Time
Date(s) - 20/08/2024 - 29/08/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Larochette

Categories


Du hues Loscht eng onvergiesslech Woch an der Fiels ze verbréngen? Dann komm bei eis op den Check-in an looss den Summer mat neien an alen Kollegen gemittlech auskléngen. Hei erwaart dech een ofwiesslungsräichen Programm, deen’s du selwer mat gestalten kanns; vun dynameschen Aktivitéiten wéi Kayak, Stand Up Paddling an engem Hike bis hin zu kreativen Workshops a villen aneren genialen, relaxen a lëschtegen Momenter ass fir jiddereen eppes dobäi.

Op dëser Kolonie ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.

D'Aktivitéit ass voll