Date/Time
Date(s) - 16/07/2024 - 30/07/2024
Ganzen Dag
Categories
Drrring, d’Schell huet fir d’lescht dëst Schouljoer gebimmelt, du gees heem, lees deng Schoulbicher an de Schaf an hëls däin Hike-Rucksak raus. Du pécks alles dran, wat’s de fir en eemolegt Abenteuer mat de legendäre Spiller ouni Grenzen, engem onvergiesslechen Hike, 10 Nuechten am Zelt bei der Sauer an nach villes méi brauchs a méchs dech op de Wee op Ierpeldeng. Kléngt dat net no engem gudde Start an d’grouss Vakanz?? Da mell dech an deng Kollege séier un, da gesi mer eis am Summer um Camp Erpeldange 1.
Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Desweideren ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.B. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.
D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit