Date/Time
Date(s) - 21/07/2026 - 29/07/2026
Ganzen Dag
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
Dest Kolonie leeft ganz nom Motto “Better Together” . Wanns du Loscht hues eng ganz Woch mat anere Jugendlechen ze verbréngen an onvergiesslech Momenter ze erliewen, dann bass du hei genau richteg ! Um “Better Together” gëtt et all Dag eppes Neies a Spannendes ze entdecken.
Nieft de kreativen a sportlechen Atelieren, zesummenféierenden Aktivitéiten a spaassegen Ausflich, wou’s du denger kreativer Oder fräie Laf kanns loossen, kanns du dir och Owes emol deng selwergemaachten Lasagne um Feier schmaache loossen. Natierlech ass och vill (frei)Zäit fir Gesellschaftsspiller, Chillen an nei Frendschaften knäppen ageplangt.
A wanns du mengs, dat wier scho alles, dann ierrs du dech. En onvergiesslechen Hike mat Pakalu a Schokonanne um Feier steet nämlech och bei eis um Plang.
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech elo un, fir des onvergiesslech Woch mat eis ze verbréngen!