Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 22/07/2023 - 30/07/2023
Ganzen Dag

Location
Marienthal/ Centre de Jeunesse

Categories


Véier Deeg mat ofwiesslungsräichem Programm fir jonk Mënsche mat an ouni Behënnerung. Wann s du net sou frou mat Zelter bass, dann ass dës Kolonie genau dat richtegt, mir schlofen hei nämlech zu Housen an der Jugendherberg. Mir bidden dir vill oofwiesslungsräich Aktivitéiten, sief et um Waasser, am Bësch a suguer Aktivitéite fir däin Teamgeescht ze stäerken. Wann s du gär eng eemoleg Kolonie erliefs, bass du bei eis genee richteg! Waart net a mell dech un!

Mir hunn op dëser Kolonie 8 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie, well si d’Verantwortung hunn a mussen aschätze kënnen, ob si während der Kolonie fir dat Kand kënne korrekt suergen.

Tickets

You must log in or register to make a booking.