Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 22/07/2022 - 29/07/2022
Ganzen Dag

Location
Marienthal/ Centre de Jeunesse

Categories


7 Deeg am Mariendall mat engem ofwiesslungsräiche Programm fir Jugendlecher vu 14 bis 18 Joer. Vun dynamesche Sportaktivitéiten, wéi wandere goen oder op de Stau, iwwert relax Ateliere mat Meditatioun oder Wellness, gëtt op dëser Kolonie och d’Kreativitéit grouss geschriwwen. Zesumme gi Konscht, Musek an Theaterworkshops mat Artisten aus dem Beräich gemaach, wou jiddereen d’Méiglechkeet kritt sech op seng Aart a Weis kënschtleresch auszeliewen an  auszedrécken. Wanns du op kee Fall d’Geleeënheet wëlls verpassen, eng onvergiesslech Zäit ze erliewen, da mell dech séier un a sief dobäi!

 

Mir hunn op dëser Kolonie 8 Plaatze fir Jonker mat Behënnerungen. Wann äert Kand eng Behënnerung huet, da schreiwt eis dat w.e.g. bei d’Umeldung dobäi. Dëst as wichteg, fir dass mir zesumme mat eisen Animateuren déi richteg Präparativen treffe fir ärem an deenen anere Kanner een optimalen Oflaf vun der Aktivitéit garantéiren ze kënnen. Zur Präparatioun gehéiert och een obligatorescht Gespréich virun der Kolonie tëscht Eltren a Responsabel, wou si d’Kand a seng Behënnerung besser kenneléieren. Déi lescht Decisioun ob d’Kand ka matgoen oder net, trëfft den SNJ a Récksprooch mat de Responsabel vun der Kolonie.

D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit