Lade Karte ...

Date/Time
Date(s) - 13/07/2024 - 25/07/2024
Ganzen Dag

Location
Centre SNJ Weicherdange

Categories


Du bass tëschent 13 a 16 Joer al, bass gären dobaussen; Wanderen an am Zelt schlofen sinn fir dech keen Problem? Da bass du um Adventure Camp genau richteg. Vun Aktivitéiten um Site, duerch d’Land oder um Waasser, bei eis ass vun allem eppes dobäi.  Véier Nuechten sinn mir ënnerwee am Bësch oder beim Bauer, wou mir zesummen trëppelen, um Feier kachen a vill witzeg Momenter erliewen. Mell dech séier un an erlief eng onvergiesslech Zäit mat denge Kolleegen.

Op dësem Camp schlofe mir a groussen Zelter op Feldbetter. Desweideren ënnerhuele mir en Hike woubäi mir mindestens 1 Nuecht beim Bauer an der Scheier oder an der fréier Natur ënnert engem Iwwerdaach schlofen. Denkt w.e.g. drun ären Jonken dat noutwennegt Material an ze packe wéi z.b. e Schlofsak an e Këssen, e Rucksak fir mat op den Hike a fest Schong.

Tickets

You must log in or register to make a booking.