Date/Time
Date(s) - 21/11/2025 - 23/11/2025
Ganzen Dag
Location
Centre SNJ Marienthal
Categories
Taucht an d’Welt vun de klenge Wiichtelcher vum Kleeschen an !
D’Wanterzäit steet virun der Dier an déi éischt Schnéiflacken falen vum Himmel… D’Kleeschen-Wiichtelcher si voll amgaang sech op d’Feierdeeg virzebereeden! Mee dat heescht net nëmme schaffen – si liewe Spaass a Freed! Si bastelen, baken a spille fir hiert Liewe gär, an dëst Joer invitéieren si DICH, zesumme mat dengen neie Frënn, an hir magesch Welt fir e ganz besonnesche Weekend !
Wat erwaart dech ?
Spill an Spaass ouni Enn ! Aktivitéiten a Spiller, bei deenen d’Zäit wéi am Fluch vergeet.
Bastelatelieren, wou’s du deng kreativ Iddien fräi ausliewe kanns a flott Saache bastels.
Baken vu leckere Chrëschtkichelcher, déi mir zesumme genéissen.
Vill Spaass an eng onvergiesslech Aventure mat denge Kollege bei de Wiichtelcher.
D'umellungen sinn zou fir dës Aktivitéit