Hei sin déi neisten Aftermovies vun eisen Aktivitéiten ze fannen.
BETTER TOGETHER 2025
Um “Better Together” gëtt et all Dag eppes Neies a Spannendes ze entdecken. Nieft de kreativen a musikaleschen Atelieren, zesummenféierend Aktivitéiten a spaasegen Ausflich, wou’s du denger Kreativéit fräie Laf kanns loosen, kanns du dir och Owes emol deng selwergemaachten Lasagne um Feier schmaache loossen. A wanns du mengs, dat wier schonn alles, dann ierrs du dech.
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Music by: https://www.bensound.com
License code: 77KZDWPW9Z7GMPCU
Artist: : Telune
4 Nuechten am Zelt 2025
Bei der Sauer am Zelt schlofe mat ville Frënn, Spill a Spaass? Ganz genau, dat erliefs du op de „4 Nuechten am Zelt“! Hei ass vum Bastelen, iwwert d’Spille bis bei d‘Lagerfeier owes op der Campplaz alles dobäi.
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Royalty Free Music: Bensound.com
License code: O0H0VFBFJCIDJSZY
Artist: : Benjamin Tissot
CHECK-IN 2025
Du hues Loscht eng onvergiesslech Woch an der Fiels ze verbréngen? Dann komm bei eis op den Check-in an looss den Summer mat neien an alen Kollegen gemittlech auskléngen. Hei erwaart dech een ofwiesslungsräichen Programm, deen’s du selwer mat gestalten kanns; vun dynameschen Aktivitéiten wéi Kayak, Stand Up Paddling an engem Hike bis hin zu kreativen Workshops a villen aneren genialen, relaxen a lëschtegen Momenter ass fir jiddereen eppes dobäi.
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Music: Bensound
License code: WWYDIZKOBJPWBTGP
Artist: : Benjamin Tissot
Erliefniskolonie 2025
Hues du Loscht fir 11 Deeg laang super Aktivitéite matzemaachen? Fir dech mat Kollege gutt z’amuséieren an eng onvergiesslech Zäit ze verbréngen? Wëlls du selwer décidéiere wéi eng Atelier’en, Aktivitéiten an Hiken dass du maachen wëlls? Selwer entscheeden kennen, am Zelt oder am Haus ze schlofen? An och de Stau mam Kayak, Stand Up Paddle oder mam Flooss nei ze entdecken? Da mell och du dech schnell fir d’Erliefniskolonie zu Wäicherdeng un!
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Royalty Free Music: Bensound.com
Artist: Benjamin Tissot
License code: IZ2C6JQL2AGJ3WMO
Camp Erpeldange 2-2025
10 Deeg am Zelt Schlofen, op en Hike goen, nei Leit kenne leieren oder mat bekannte Gesiichter Neies erliewen?
Spiller ouni Grenzen, Aktivitéiten um Stau, kreativ Atelieren a spannend Erliefnesser waarden op dech!
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Royalty Free Music: https://www.bensound.com
License code: NTGTXHOBT8Q2BVZW
Artist: : Benjamin Tissot
Camp Erpeldange 2-2024
Hues du Loscht 11 Deeg an Zelter bei der Sauer ze verbréngen? Nei an al Kollegen ze treffen an zesummen Tonne Spaass an Actioun ze erliewe bei Aktivitéite wéi z.B. en Hike, Spiller ouni Grenzen oder en Nuetsspill? Da mell dech séier op eisem Camp un an da gesi mer eis am Summer zu Ierpeldéng!
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Royalty Free Music: Bensound.com/royalty-free-music
License code: FZD1WZBFVIPWGAMQ
Artist: : Marcus P.
SPILLVAKANZ 2024
Komm mat op d’Spillvakanz, eng onvergiesslech 10 Deeg am Zelt voller Spaass, Erfarungen an Entdeckungen! Zesumme mat anere Kanner erliefs du spannend Aktivitéiten, flott Ausflich an onvergiesslech Momenter an der Natur. Vun kreativen Ateliere bis hin zu lëschtege Spiller – mir hu fir jiddereen eppes dobäi! Ee vun de Highlights ass den Hike, wou mir net nëmme Lëtzebuerg entdecke mee och zesumme kachen a lecker Iessen am Fräie genéissen. Ob Bastelen, Spillen oder nei Erfarunge sammelen – d’Spillvakanz bitt alles, wat d’Summerzäit onvergiesslech mécht! Spaass an nei Frëndschaften si garantéiert!
Wa mir däin Interess geweckt hunn, da zéck net a meld dech un op colonies.lu fir déi nächst flott Aktivitéiten.
Music I use: Bensound.com
License code: TSFNNGSZZCELGLLM
Artist: : Benjamin Tissot