Ons Aktivitéiten
Groupe Animateur
De Groupe Animateur ass eng A.s.b.l., déi am Beräich vun der Animatioun vu Kanner a Jugendlecher aktiv ass. Un onsen Aktivitéite kann am Prinzip jiddereen deel huelen deen drun intresséiert ass.
All dës Aktivitéite ginn an enker Zesummenaarbecht mam Service national de la jeunesse (SNJ) organiséiert.

AUS DEM BLOG
ENTDECKT EIS ACTIVITÉITEN
D’Erliefniskolonie geet op den Hike
No engem flotten Dag um Stau wou d’Kanner Kayak, Stand-up-paddling oder VTT gefuer […]
Wat een Erliefnis
Gëschter Mëtten hunn d’Kanner probéiert sou vill Ressourcen wei méiglech ze sammelen, souwuel fir […]
1ten Dag op der Erliefniskolonie
Gëschter Mëtten sinn 46 Kanner um Neihaischen ukomm. Knapps waren se all […]
Bei de Schlümpfen op Besuch
Haut de Moien hunn mir fläisseg mat den Schlümpfen am Duerf geschafft. […]
PARTNER
All eis Aktivitéiten bidden mir an Zesummenaarbecht mam Service National de la Jeunesse (SNJ) a mat de Lëtzebuerger Jugendherbergen (AJL) un.



Formatiounen
Groupe Animateur
An Zesummenaarbecht mam SNJ, bitt de Groupe Animateur eng ganz Rei Formatioune fir de Brevet vum Aide-Animateur oder vum Animateur un. Dozou gehéiere Weekender zu verschiddenen Themen an d’Formatiounswoch fir den 1. Cycle.
Du schaffs fir däi Liewe gär mat Kanner ?
Géifs gär nei Leit kenneléieren ?
Sichs een ofwiesslungsräichen Vakanzenjob ?
Wells Erfahrunge fir d’Liewe sammelen?
Du hues op mannst 16 Joer ?
Waow…en decke Luew zu Groupe Animateur
Hallo mai Pit war mam Yuri an de Weltall an ass sou begeeschtert heemkomm; am Auto huet en eis (baal alles) vum Yuri, vum Yura a vum geckege Frunnes gezielt… Decke MERCI un all di Moniteuren dei sech sou engagéiert agesaat hun dass et eise Kanner gefällt. (zumools d’Julie huet eisem Pit et apart ugedoe’) Dem Pit Wickler seng Mamm
Super Formateuren!!!
Ech wollt Iech alleguer vum Groupe Animateur an vun der SNJ luewen! Daer sidd einfach super leiw. Mein Meedchen ass all keiers begeeschtert!! Villmools villmools merci! Maacht weider esou, daer sidd immens!! :-)))
Meeegggaaa ! Bravo
Hallo, aist Céline war lo firt 2te Keier am Camp Ierpel1 an hat ass begeeeeeesssssccchhhtert!!!! Knaps do fir hat mat zehuelen seet et “Mama hues du mech ewel firtnächst Joer ugemet????” Mengen daat seet alles!! Hat ass esou begeeschtert! Mais et huet och gesoot et keint een mei oft zesummen eppes kachen. Merci un den ganzen Groupe Annimateur, dei Kanner immens enkadreieren, an einfach weider esou. LG Junker Cindy an Céline
Genialen Weekend
Richteg Genialen Weekend!! 🙂 Ass der waert ze maan an ech kann en nemmen recommandéieren. Ech hunn wirklech vill iwwert Knied an Konstruktionen geleiert. Lo wees ech endlech wei een eng AffeBréck baut. Ausserdeem hunn ech eng dozen nei Bastelatelier Ideen dei ech kann benotzen. Gei roueg mat, et ass seng Zeit waert 😉 P.S. Haat schon lang keng mei esou witzeg Jungle Speed Ronn wei um Weekend 😉
Dir hutt Froen?
Dann zeckt nët an kontaktéiert eis iwwert desen Formulär!
Mir freeën eis iwwert är Noriicht an wäerten iech sou séier wéi méiglech äntweren!