Nodeems Kanner sech an hier Aarbechtsgruppen agedeelt hu goung et Dënschdes Moies och vir ‘t Virwëtztuten direkt lass op hier Reportage, si waren dëst Joer bei der Superdreckskëscht a konnten do en Abléck gewanne wei de Sondermüll entsuergt gëtt. D’Filmgruppen hu fläisseg am Mariendall weider un hire selwer kreéierte Filmer geschafft. Mëttes war dunn den nei Verfilmt. Do kruten se Märercher déi se an engem neien Thema ëmsetze sollten, a Gruppen hu si dann ‘t Frau Holle oder den Igel an den Hues am Horror, Schattentheater, TrashTV an News Format ëmgesat an deenen anere virgefouert.
Gester hunn se geleiert wei een eng flott Kuliss opbaut a konnten der och selwer opbauen an sech eng kleng Geschicht dozou iwwerleeën. Owes konnten si och direkt hiert nei Wëssen an hunn eis Crew ënnerstëtzt hier Owesshow duerchzeféieren, si hu Showplakater designt, een Outrolidd geschriwwe, selwer eng Kuliss vir ‘t Show opgebaut a si konnten un engem Casting deel huelen. Déi Kanner déi beim Casting gewonn hu konnten och live bei der Owesshow virun der Kolonie matspillen.
Haut maache si eng Filmchallenge duerch ‘t Land wou si hier erléiert Wësse vun der Woch ënner Beweis stelle mussen a Froen, Aufgaben a Sketcher maache mussen, den Owend gi mer dann all zesummen an de Kino a kucken als Ofschloss e Film zesummen.
Mir freeën eis iech all op der Avant-Premiere ze gesinn an iech ze weise wei eng flott Filmer eis kleng Stars produzéiert hunn.