Vun Atelieren, Mëttesaktivitéiten, Gruppenaktivitéiten an engem Stadtspill, war schonn alles dobäi. An den Ateliere gouf vill gebastelt, ënner anerem en Mensch ärger dich nicht, an sech sportlech betätegt. D’Mëttesaktivitéit huet sech ronderëm der Bomi Marie hir Gardendeko gedréint, déi schéinste selwergemaachen Ouschterdeko huet eng éieren Platz an hirem Gaart kritt. Beim Stadtspill ware si zu Clierf ënnerwee an hunn missen all Gemenge vu Lëtzebuerg eroberen. Vun Challenge zu Allgemeng Froe war alles dobäi!

All Dag gëtt Owes mat enger Geschicht ausklénge gelooss. Dëst Joer gouf am Louvre agebrach, et waren maskéiert Abriecher dei Casa de Papel noafen. Gottseidank ass d’Scooby Crew hinne schonn op der Schläich, mol kucken op d’Scooby Crew déi maskéiert Abriecher iwwerféieren kennen.