Filmakademie Geflimmers 2026 huet gestart an och  dëst Joer hu rëm vill kleng Nowuesstalenter hire Wee bei eis an de Marienthal fonnt vir zu richtege Stars gemaach ze ginn.
Op engem klenge Maart konnte si  Gëschter Metten hier Essentials hierstellen déi ee richtege Star brauch, do hunn si zum Beispill  hier eegen Autogrammkaarten entworf mat engem passenden Heft vir se ze sammelen an ze tauschen. Nom Owesiesse konnten  si a verschiddenen Workshops mei een déiwen Abléck an ‘t Filmwelt kréien, sief et Maskenbildnerei, Improtheater, Choreografie oder eng Stuntformation. An Owes virum Schlofe kréie si ëmmer vun eiser Crew an de Professeren och nach e Peter Pan inspiréierten Theater virgefouert wou si sech och selwer abrénge kennen.
Haut hu si direkt mat hire Filmprojete lass geluecht, si goufen a mei Gruppen agedeelt. En Deel vun de Kanner mëscht hier eege Filmer wou si sech selwer eng Story iwwerleeën an déi dann ëmsetze kennen. Deen aneren Deel mëscht eng Reportage mat de Virwëtztuten, do sënn der och mei op Youtube ze fanne wann der eemol raluusse wëllt goen.
Mir sënn well ganz gespaant hier final Resultater ze gesinn.