Am Nomëtten gouf et dann Beweegung, Schweess a Teamgeescht! Beim Strapsballtournoi ass et ganz serieux ginn. D’Gruppen hunn sech géigesäiteg ugefeiert a gewisen, dass Zesummenhalt a Sportsgeescht hei am Camp grouss geschriwwe ginn.

No véier flotten Deeg am Camp zéie mir muer an d’Natur! D’Rucksäck ginn gepackt, d’Schong geschnallt, an et geet zu Fouss duerch d’Bëscher an d’Landschaft.