Gëschter war et endlech esou weit an d’Erliefniskolonie 2024 konnt starten! Mir freeën eis dass 54 Kanner de weite Wee op Weicherdeng gepackt hunn fir mat eis onvergiesslech 10 Deeg ze verbréngen!
Et ass direkt mat e puer Gruppenaktiviteiten, wei Strapsball spillen, T-Shirten bemolen oder enger Ronn Jepardy lass gaangen. Den Owend hunn mir du schéi beim Lagerfeier mat eisem Erliefnislidd auskléngen gelooss.
Haut ass et dunn och schonns fir d’halschend vun de Kanner an de Bësch gaange fir eiser Astronautin ze hëllefen déi verluere Stären an déi verluere Luucht erëm ze fannen. Déi aner halschend konnt an der Erliefnisstadt hier eege Stroossen kafen an eng Aart riesen Monopoly spillen.