Déi éischt puer Deeg op der Spillvakanz si scho wéi de Blëtz vergaange . Och wann d’Wieder net ëmmer ganz matgespillt huet, haten Gruppenaktivitéite Bastel-/ Sports- & Bakateliers etc. bei de Kanner groussen Succès. Haut, bei der grousser Dagesaktivitéit huet d’Sonn eis dunn richteg begréisst. Um Sprangschlass ass géint enee gelaf ginn, um Spillfeld mat Schwämm a Waasser gespillt ginn an an an …… Zu Weicherdeng war schonn eng munch lass an et geet och genau sou weider!