Geschter huet den Dag huet mat enger spannender Casino-Aktivitéit ugefaangen, wou d’Kanner sech an enger spillerescher Atmosphär Suen erspillen konnten. Mat dëse “Gewënn” konnten si leckere Kaddoen a Séissegkeeten kafen.
No engem leckere Mëttesies ass et spannend weidergaangen mat engem Wassersportstournoi. Hei konnten d’Kanner hiert Talent a verschiddene Waassersportarten weise an sech an engem frëndschaftleche Wettkampf moossen.
De spannende Dag hunn mir mat enger Teambuilding Aktivitéit ofgeschloss. An dëser Aventure konnten d’Kanner an hiren Gruppen kreativ a kollaborativ Aufgaben meeschteren. Duerch Spiller a kleng Herausforderungen hunn si geléiert, zesummenzeschaffen an sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen. Dëst huet net nëmme fir vill Laachen an Freed gesuergt, mee och de Grupp zesummebruecht.
Mat beschte Gréiss,
Responsabel Vum Ierpel 1



