En spannenden éischten Dag an Nuecht um Paischtcamp,

Nodeems Kanner op eisem schéinen Site un der Sauer ukomm sinn, hunn si sech an hiren Zelter ageriicht an direkt schonn nei Kolleegen kennen geleiert. Dunn kruten mir schonn direkt vun eisen Kichenmais eng lecker Bouché serveiert. Aii datt war lecker! No dëser gudder Stäerkung hunn mir eis dunn op den Wee an den Bësch gemaach Kanner duerften an hieren Hausgruppen ee riesen Spillfeld wei an engem Gesellschaftsspill eroberen. Owes hunn mir dunn alleguer zesummen am Bësch Gegrills giess an eis dono zeréck op den Site gemaach. Do ukomm as et dann direkt an Geschicht gaangen wou Kanner Personnagen aus dem wilden Westen an Indianer Duerf kennengeleiert hunn, die op ALIIEN getraff sinn. Dat war et schonn vum éischten groussen Dag um Camp, dono waren Kids sou midd dass se an Bett gefall sinn an direkt ageschlof sinn an haut den Moien vun enger schéiner Musek aus dem Schloff erwächt goufen.

LG,

Emil an Louise