De 09.05 ware vill vun eise motivéierte Animateuren an Animatricen um COSL Spillfest.

Och dëst Joer ware mir een vu 50 Atelieren an hate grousse Succès mat eisem Counterstrike a Facepainting. Dat gutt Wierder huet eis natierlech och an d’Karte gespillt a vill Kanner konnten ee flotten Dag mat hirer Famill ronderëm de Séi ob der Kockelscheier verbréngen. Villäicht hu mir jo och deen een oder anere vun iech do begéint.

Ee grousse Merci un all eis fräiwëlleg Animateuren an Animatricen déi eis gehollef hunn deen Dag esou flott ze maachen an hoffentlech bis nächst Joer.