Een flotten éischten Dag um Ierpel 1,

No enger opreegender, an vir vill Kanner enger éischter Nuecht am Feldbett, ass et den Moien nom Frühstück schonn direkt an den Bësch gaangen. Kanner haten d´Aufgab den verschidden Pokemons Händler ze hëllefen hiert Revéier ze vergréisseren. An der Mëttespaus gouf et eng lecker Curry Wurscht vun eiser Kichen an den Bësch geliwwert an no puer weideren Stonnen am Besch war et dunn héisch Zäit zeréck op den Site ze kommen an an Dusch ze sprangen. Nom Owesiessen haten eis Moniteuren/Monitricen en flotten Casino vir Kanner preparéiert, wou se sech mat den erspillten Suen lecker Séissegkeeten an aner Saachen konnten kafen. Dunn ass et nach schnell an Geschicht gaangen an dunn war et schonn Zäit vir an Bett.

Léif Gréiss,

Är Responsabel,

Anne an Jang