E Freiden ware mir moies op d´Äispiste zu Beefort an hunn eis gutt beim Schlittschongfueren amuséiert. Dann hunn mer Mëttes rëm zu Huelmes am Schlass den Huttmacher aus dem Wunderland gehollef e neien Hutt ze kreéieren, deen vill méi konnt, wéi nemmen gutt ausgesinn.

Owes hunn mer dem Sir Kai gehollef eng Zauberzutat ze fannen, fir dass hien mat Hëllef vun de Beschhexen en Trank drénken kann, fir den béisen Zauberer Sadikus ze iwwerlisten an d´Prinzessin Sidonie ze befreien.

E Samschden op Silvester sinn mir duerch ganz Huelmes getrëppelt fir en grousst Tauschspill ze maan. Dobäi sinn mir vun Haus zu Haus gaangen, fir Saachen ze tauschen, an all Grupp huet mat engem Loftballon ugefaange. Zum Schluss vum Spill sinn mir mat coole Saachen heemkomm, wéi zum Beispill Petzi´en an Gesellschaftsspiller.

Owes hate mir dunn en Galaiessen mat Disco fir an dat neit Joer eranzefeieren. Op Mëtternuecht hunn mer eis all am Haff mat Vue op Freedefeier an engem Glas Kidibul fir dat neit Joer gratuléiert.

Haut konnte mer dowéinst méi spéit opstoen an hunn all zesummen am Thema vum Letzebuerger Bio Bauremaart gebruncht. Dann ware mer haut och am Bësch mat zwee alen Entdecker ënnerwee, an missten hinnen beweisen dass et nach vill Saachen op der Welt ze entdecken ginn. Den Owend hunn mer dem Kleeschen sengen Elfen beim Transport vun all hiren Kaddo`en gehollef.