Nodeems Kanner den Metten ukomm sinn an sech an hiren Kummeren ageriicht hunn. Kanner hunn dunn an hiren Hausgruppen eng Aktivitéit gemaach vir Gruppendynamik ze stäerken.

Owes kruten mir vun der Jugendherberge lecker Flammkuchen gezaubert.No enger laanger Owes Fraizeit, mat Optioun vir ze spillen, chillen, kreativ ze molen oder Just Dance ze spillen  ass et dunn an Geschicht gaangen. Mir goufen an Welt vun engem orientaleschen Kinnekräich entfeuert. Prinzessin huet een zukünftegen Mann gesicht  an huet sech dunn no engem klengen Wettkampf zweschen deenen 2 Ritter fir een entscheet an huet sech och direkt bestuet. Leider ass datt awer an den Aan vun den Kanner den falschen Choix getraff. Wie datt elo virun geet gesinn mir nach…

Sou geet en spannenden an opreegenden éischten Dag op en Enn.