Den 23. Dezember ass déi traditionnell Assemblée Générale vum GA.

Den Oflaaf: Um 19h00 geet et mat dem offiziellem Deel lass, keng Angscht, en ass net laang.
Da kënnt d’Iessen & d’Party! De GA zaubert ierch ee leckere Veggie-Curry, dobäi gëtt et dann Glühwäin, Béier, Wäin, Schoki-Bayleys a Softdrinks. Am laaf vum Owend gëtt dann och gewichtelt.

Schrottwichteln leeft folgend oof: Bréng iergent ee Schrottwichtel Cadeau mat, natierlech schéi verpak, do gëtt dann eng Nummer drop geschriwwen. Jidfereen, deen ee Cadeau matbruecht huet, dierf dann eng Nummer zéien. Dee Cadeau dierft dir dann mat heem huelen.

Mell dech hei un. Dat gëllt et net ze verpassen!!

Vergiess däi Kaddo fir ze wichtelen net!

Be there!!