Haut um zweeten Dag, gouf et och nees villes zu Ierpeldeng ze erliewen. Den Dag ass de Moien mat ville flotten Atelier’en gestart, vun engem Tic Tac Toe Spill bis Multisports war fir jiddereen eppes dobäi. Dunn gouf et schonn déi éischt Iwwerraschung. An zwar konnten d’Kanner op eist grousst Ritterbuerg-Sprangschlass. Dëst war fir jiddereen een Highlight. Mëttes gouf et dunn dat traditionellt Gänsespill wat op kengem Ierpel 3 feelen dierf. Iert et dunn fir d’Kanner an d’Dusch gaangen ass, gouf et dann awer och eng zweet Iwwerraschung. Eis flott Kichen-Equipe koum als Fee an Elf op zwee Päerd iwwert d’Campplaatz geridden an hunn de Kanner ee Laachen an d’Gesiicht gezaubert. Den Owend ass et dunn virun an d’Geschicht gaange wou de Ritter Eitelfritz an d’Fee Bobina op de Bréckemeeschter getraff sinn, a bei him e puer Froe beäntwerte missten iert si dunn iwwert d’Bréck konnte goen. Muer kënnen sinn da vläicht dee leschten Deel vun der Kaart fanne fir d’Prinzessin Ikea ze retten.