Gëschter sinn déi fierwelzeg Kanner hei zu Ierpeldeng moies fréi um 4 Nuechten am Zelt ukomm. Dunn goung et och scho direkt lass mat vill Spaass an Action. Mëttes gestäerkt no enger gudder Wäinzoossiss mat Püree, goung et dunn lass mat der éischter Aktivitéit wou et drëm gaangen ass, deenen anere Buergen de Fändel ze klauen a parallel och nach vill Gold ze schmuggelen. Hei hat all Ritter, Prënz a Bandit säi Spaass an et gouf souguer keng lescht Plaz. Owes si mir du schonn an d’Welt iwwert de Wolleken agedaucht, wou d’Prinzessin Ikea entfouert gouf a säin treie Ritterkolleeg hatt elo rette wëll. Mol kucke wéi déi Geschicht haut weider geet. Virum schlofe goen, huet de Stitch eis da beim Lagerfeier nach vu senger mësslongener awer schéiner Vakanz erzielt a mir hunn all zesumme gesongen iert et dunn an d’Bett gaangen ass.