Den Moien goufen Kanner op en Pyjama Casino invitéiert, si sinn am Pyjama bliwwen an konnten sech duerch verschidden Spiller ewéi: Twister, Uno, Black Jack, Musikquiz an villes méi Suen verdéngen.  Mat deenen Suen konnten si sech dunn speziell Leckereien kafen wei Pancakes, extra Kellogs an weideres. Nodeems Kanner sech den Bauch vollgeschloen haten, sinn se se sech dunn undoen gangen an haten eng laang Fräizäit mat enger flotter Zirkuskescht.

Mettes kruten se vun der Kichen lecker Wäinzoossiss mat Püree serveiert. No dësem leckeren Iessen ass den Starpsballtournoi ( eng Aart Baseball) lass gaangen. No dësem sportlechen Metten ass et Owes op Nuetsspill gaangen wou Kanner zwee Gangsteren missten hëllefen hiren Schatz rëm ze fannen.

No dësem laangen Dag sinn Kanner dunn den Owend an Bett gefall an direkt ageschlof.

Haut den Moien ass et dunn nodeems den Hike Rucksak gepaak gouf op den Hike gaangen, dowéinst wäert den nächsten Post eréischt den Méinden kommen.

Är Responsabel,

Jang an Anne