Haut den Moien konnten sech Kanner an Projeten andeelen déi si dunn moies an mëttes gemaach hunn. Et goufen ganz verschidden Saachen an verschiddenen Beräicher ugebueden, et war vir jiddereen eppes derbäi. Wasserspillerolympiad, Graffiti mat Rafting, Konschtprojet am Mudam, Velo an Beachvolleyball, Survival am Bësch an een Filmprojet.

Owes hat eis Kichen, eis dann eng kleng Kiermes preparéiert wou Kanner dunn verschidden Fouer spezialiséieren serveiert goufen. Ausserdeem konnten si verschidden kleng Spiller machen enner annerem Bechsen scheissen an et gouf eng Tombolla.

Dunn ass et an eis Geschicht gaangen wou dei dréi Banditen en iwwerfall op eng Tavern geplangt haten. Dei dréi wollten den Tresor sprengen an dëst wärend der Kiermes maachen vir dass keen an der Tavern ass. Mee opeenmol war en haarden Boom op der Kiermes an et gouf en ermort. Ween dat war weess keen mee den Detektiv Lapitani an seng Sekretärin sinn der Saach schonn op der Spuer.

Bis muer,

Är Responsabel,

Anne an Jang