Nodeems Kanner gëschter ukomm sinn an mir Zelter ageriicht hunn. Hunn mir dann en puer Waasserspiller zur Ofkillung gemaach. No enger leckerer Stärkung vun der Kichen hunn Kanner dunn owes an hirem Grupp eng Aktivitéit gemaach vir Gruppenbuildung an Gruppendynamik ze stäerken.

No der Gruppenaktivitéit ass et dunn an Geschicht gaangen déi an der Zäit vun den 1920er spillt. Hei probéiert den Kommissär Luc Lapitani zesummen mat senger Sekretärin eng Band vun Kriminellen opzedecken. Wat genau se wëllen opdecken wëssen si zwar selwer nach net sou richteg.

No enger éischter spannender Nuecht am Zelt, sinn Kanner dunn den Moien mat enger schéiner Musek aus dem Schlof erwëscht ginn.

Nom Moiesiessen hunn mer dunn verschidden Atelieren mat den Kanner gemaach: vun Sport iwwer Musek iwwer Bastelen bis hin zu Backen war vir jiddereen eppes derbei.

No leckeren Gnocchi vun eisen Kichenmais ass et dun mat vollem Bauch an den Bësch gaangen wou et dreems gaangen ass wärend dem Spill sou vill Länner wei méiglech ze erobueren.

Owes hunn mir dunn alleguer zesummen am Bësch eng lecker Currywurscht giess.

Nom Bësch war et dann Zäit vir eng gutt Dusch bevir et an Geschicht  gaangen ass.

Gutt Nuecht bis muer,

 

Är Responsabel,

 

Anne an Jang