En Sonnde ware mir um Stau ënnerwee. Mir konnte wielen zweschent engem coole Moutainbikes Tour duerch de Bësch oder mam Kayak de Stau erkundegen. Mëttes ware mir dunn all zesummen um Waasser mat Stand up paddlen. Owes hu mer no der Ustrengung zesumme gegrillt an dono goung et an de Wellness. Foussbäder, Massagen, Gesiichts Masken a villes méi war um Programm.

En Méinden hu mer dunn den Ailiens Galactanna an Galaxanne bewisen dass mir hier Korrespondenz um Planéit Äerd kenne sinn. Dofir si mir duerch d ganzt Land gereest an hunn sämtlech Aufgabe geléist fir TC-lght ze sammelen.

Gester, fir gutt duerch déi waarm Temperaturen ze kommen hu mer eis mat Waasserspiller a Glacen ofgekillt. Nodeems et dunn rëm méi ofgekillt ass si mir mam Bus op den Hike gestart.

Sonneg Gréiss vu Wäicherdang.