Eng éischte Kéier mëlle mir eis aus dem schéine Wäicherdang. No der éischter Nuecht am Zelt, si mir gemittlech an den Dag gestart, mat enger Spillerkette mat den TV Stars fir déi méi jonk an engem Teambuilding mat den Botzfraen fir déi méi al. Dunn hu mir eis mat engem leckere vegetareschen Tri de Pate gestäerkt a ware prett fir d’Spiller ouni Grenzen.

D‘Sportler hate puer Tournoie fir eis virbereet, ultimate Frisbee, Counterstrike an een Parkour. Nieft deenen hunn mir och vill Minispiller gemaach fir Punkten ze sammelen. Di bescht konnten Owes géint d’Moniteuren untrieden.

Wéi et déi nächst Deeg wieder geet, gëtt nach net verroden, kommt einfach reegelméisseg op de Blog luussen.

Mir schécken tonne Spaass a vill gutt Laun bei iech Heem 😊 Bis geschwënn, Moniteuren an déi Jonk vum Adventure Camp 2022