Hike Retour
Haut den Moien sinn Kanner gemittlech vum Hike zeréck komm.
Duerch dat vill getreppels waren Kanner gutt verschweesst an hunn sech hier Dusch wuel verdéngt. D’Kichen hat si mat engem lecker internationalen Buffet wou vun Allerlee drop war iwwerrascht. Vun Pancakes iwwer Tacos bis hin zu Pasta war vir jiddereen eppes dabei. Uschléissend un Iessen hunn mir dann eng kleng Danzparty organiséiert.
No dësem Festmahl konnten eis Moniteuren sech ausrouen well Participanten vun der B Formatioun en Spill vir eis Kanner organiséiert haten. No dësem flotten Spill gouf et dann eng lecker Bouchée à la Reine vun eisen Kichenmais.   Den Owend war dunn di grouss Show vir eis Zwergenfamillen. Bei der Show misst ëmmer een Zwerg aus der Rouder Equipe géint en Zwerg aus der Bloer Equipe eng Challenge machen an den Beschten krut Punkten. Zum Schluss hunn, zur Freed vun den Kanner, di blo Zwergen gewonnen.
No dësem laangen an ustrengenden Dag war et dunn och schonn Zäit vir an Bett.
Är Responsabel,
 Jang an Louise
Gesehen von Jang Ast am Donnerstag 23:09