En riichterlechen zweeten Daag um Paischtcamp

Haut den moien stoungen Atelieren bei eis um Programm, Kanner konnten tëschent: Baack-, Sports- an Naturatelier wielen. Vir Mëttesiessen huet Kichen eis dann en traditionell lecker lëtzebuergeschen Menü gezaubert an zwar Wäinzoossiss mat Püree an Ierbessen. Nodeems Kanner dann den Bauch voll haten hunn mir dunn den Bus geholl vir op Buerschent op Buerg ze goen. Do an der Buerg hunn Kanner dann missten zwee Ritter hëllefen hiert Kinnekräich auszebauen. No deem dëst dunn gelongen war haten si sech um Site eng gutt waarm dusch verdéngt. No enger Stäerkung vun der Kichen sinn mer dunn an eng 1,2 oder 3 Quizshow agelueden ginn. Kanner goufen an 4 Gruppen angedeelt an hunn hiert Wëssen ënner beweis gestallt. Eng Grupp huet gewonnen an konnten sech iwwert en flotten Preis freeën.

Dunn war et dunn och erëm Zäit vir Geschicht. Ganz heemlech hunn sech Rosi an den Georgi den Moien getraff, wou all hier Familljememberen nach um schlofen waren vir hier Missioun, den Gaart zersteieren, duerchzefeieren. Nodeems di zwee hier Missioun erfëllt hunn an den Gaart zerstéiert war hunn si sech erëm duerch Baascht gemaach. Di éischt zwee Zwergen di entdeckt hunn dass hiren Gaart zerstéiert war, waren di Blo si hunn schrecklech gejaut an doduerch as och den Oberhaupt vun den Rouden Zwergen, den Daaaadi erwëscht gi. Hien konnt sengen Aan net gleewen dass haut um Daag vun der grousser Gaardenshow alles zerstéiert ass, natierlech huet hien direkt di aner Zwergenfamill beschëllegt. No engem klengen Streit zweschtent den Famillen wenn elo schold ass. Ass d´Jury vun der Gaardenshow den Gaart kucken komm, vue dass di zwee Gaart zerstéiert waren kruten béid Famillen 0 an dierfen domat niemei bei enger Gaardenshow matmaachen. Den Chefzwergen passt dat natierlech guer net an den kromm an si treffen sech iwwermuer an enger TV Show vir ze kucken wien di Beschten Famill ass.

Dat war et dann och mam flotten mee ustrengenden zweeten Daag.

Aer Responsabel,

Jang an Louise