Gëschter war et erëm esouwäit an d’Kanner hunn konnte bei den ganz faméise Masterprojects matmaachen! Wiele konnten se tëscht: Survival, wou se an de Bësch gaange sinn an duerno och nach um Féier Brennesseltéi gedronk hunn. Art Attack, wou se sech hunn konnte kreativ austoben an op Toille molen. Tagesshow gouf och gedréint wou d’Kanner hunn konnten d’Kolonie zesumme faassen a witzeg Geschichten erzielen. Als léscht Optioun war  en LipSync wou se sech hunn konnte flott Verkleeden an dobäi en Danz erfannen. Owes hunn d’Gruppen dann hier Projects konnte virstellen an tëschenduerch och nach eng Challenge géint d’Responsable.