Nodeems d‘Kolonie mat nu su allzeflottem Wieder ugefangen haat, goung et dunn awer besser. D‘Wieder war op eiser Seit. Nierwt flotten Aktiviteiten goufen och vill Atelieren gemeet, bei deenen d‘Kanner hierer Kreativiteit freien laaf konnte loosen.

Firgester stung eng grouß Gruppenchallange um Programm, bei dear d‘Gruppen geint eneen untrieden missten. Nierwt de klasseschen Teambuildingsaufgaben goufen et och puer mi kniffeleg Challanges, bei deenen ee misst Fotoen firun bestemmten Platzen man, wi zB firun der Abtei zu Klierf. Donierwt hunn d‘Kanner sech och e puer mi uspruchsvollen Augaben gestallt, andeems se missten verschidden Froen beenferen. 

Gester war de et dunn endlech su weit. Den Highlight fun der Kolonie stung firun der Dier: den Hike. Eifreg an voller Motivatioun hunn d‘Kanner all hier Saachen an den Hikerucksack gepaakt an du goung et och schons lass. 

Nodeems all Grupp gut ukomm ass, gouf et dunn och lecker z‘iessen. Fun Croque Monsieur bis Pizza Calzone war fir jidderen eppes dobei.