Haut den Moien an den Metten  sinn mir an den Mariendall gefuer wou Kanner verschidden Aktivitéiten wei Espace Room, Bouschéissen, Media Factory an Pedagogeschen Bauerenhaff gemaach hunn. An der Mëttespaus kruten si dunn eng lecker Curry Wurscht vun der Kichen laanscht bruecht.

No den Aktivitéiten am Mariendall, konnten Kanner sech dunn vir déi grouss S.O.G (Spiller ouni Grenzen) aschreiwen an vir een vun den groussen Tournoien nämlech den Counter Strike trainéieren.

Owes kruten mer dunn lecker Fajitas vun eisen Suns of the Kitchen.

Nom Owesiessen goufen d’Kanner dunn op Ouverture vum groussen Casino Royal invitéiert wou si, mat Poker Chips als Asaz, Spiller gewannen oder verléieren konnte. Wann si dunn genuch Poker Chips haten konnten si sech Snacks an Gedrénks kafen  an sech et an der VIP Lounge gutt goen loossen.

An der Geschicht hunn Gangsteren haut den Entschloss geholl hier Geiselen also d’Laia, den Jamual, d’Tamira an Botzfra ze “folteren” an der Präsidentin vun Indien en Video dovun ze schécken, vir dass si endlech hiert Léisegeld kréien an der aarmer Populatioun kennen dëst geklauten Geld schenken. Den Kaluktta ass awer net ganz domat averstanen dass si all Geld un déi Aarm Populatioun verdeelen well hien sech selwer och eppes gönnen well. Dowéinst kennt et ënnert den Gängster ëmmer erëm zu Diskussiounen. Nodeems si den Video un Präsidentin fortgeschéckt hunn, hunn  si Geiselen erëm an den Prisong gestach an an engem Moment vun der Onopmierksamkeet huet den Jamal probéiert auszebriechen, dëst ass him awer net gelongen an gouf vun den Gangsteren gefaangen.