Nodeems Kanner déi 3. Nuecht um Hike gutt iwwerstanen hunn, sinn se den Metten gesond an monter mee en bëssen sténkeg erëm hei zu Ierpeldeng um Site ukomm. Endlech konnten se dunn och an eng gutt waarm Dusch sprangen an sech nei undoen. No enger bëssen mei laanger Fräizäit, huet dunn um 7 Auer eisen Blind Tasting ugefaangenen. Nodeems Kanner sech an 7 Gruppen ageschriwwen hunn, goufen si mat verbonnenen Aen ëmmer op eng nei Platz entfouert wou si vun der Kichen kulinaresch verwinnt goufen. Am ganzen goufen et 7 Länner wou Kanner ëmmer eng Amuse-Bouche,  eng Entrée, en Haaptplat an en Dessert zerwéiert kruten aus der letzeboier, amerikanescher, franséischer, indescher, asiateschen an italienescher Kichen.

 

No dësem leckeren Iessen war et dunn och Zäit vir Geschicht. Haut waren mer erëm am Palast vum Laia, wou hat an den Jamal déi lescht Deeg revue passéieren geloss huet. Laia ass onendlech traureg dass seng Mamm entfuert gouf an hofft dass hier neicht geschitt. Dun ass och Präsidentin vun Indien eran komm an huet versprach se géif dem Laia sou gutt wei méiglech hëllefen vir Tamiara ze befreien, dat eenzegt wat si net machen kann ass, Léisegeld bezuelen, well dat beim Vollek net gutt géif ukommen. Op eemol sinn eng jett Journalisten zu den Fënsteren eran gestiermt vir Fotoen vun Laia an der Präsidentin ze machen. Nodeems sech Situatioun berouegt huet, huet dunn en vun den Journalisten sech ugebueden dem Laia ze hëllefen. Journalistin sot se geif wessen wat geschitt wier mee Laia, den Jamal an Präsidentin missten mat kommen. Dei 4 hunn sech dunn op den Weeh gema mee dat ganzt war just eng Faal, dei Journalistin wou sou hëllefsbereet war gehéiert zu der Gangster Grupp an huet elo mat hëllef vun deenen aneren Gangsteren och nach Laia an den Jamal gefaangen, Präsidentin ass mat vill Gléck dovun komm.