Dëst Joer konnten mir erëm eng ronn 50 Kanner bei eis zu Ierpeldeng um Site begréissen. Och wann mir dëst Joer net ,wei gewinnt eis Zelter direkt bei der Sauer opgeschloen hunn, mee am Park. Hennert dat eis net mat voller  Freed an eng flott Kolonie ze starten.

Um éischten Owend goufen Kanner mat an eng indesch Welt geholl, wou si déi räich an meschteg Famill vum Tamira an sengem Meedchen Laia kennen geleiert hunn. Tamira well säin Meedchen mam heischgeschätzten an räichen Kalkutta verkoppelen, dass dem Tamira seng Famill nach mei räich an nach mei mächteg gett. Dem Laia kennt et awer net op Suen un mee éischter op déi ënner Wäerter vum Mënsch  an hat huet sech an den armen Masseur Jamal verléift, wat seng Mam awer net toleréieren well.

No enger éischter opreegender Nuecht am Zelt, goufen Kanner dann den Moien vun engem flotten Opstohlidd wakereg gemaach an no engem leckeren Frühstück sinn Atelieren lass gaangen. Vun Bastelen iwwer Kachen bis hin zu Sport war vir jiddereen eppes dabei.

Mettes gouf dun den legendären Strapsballtournoi gestart ( eng Art Baseball ),nodeems den Gewënner gekréint gouf. Konnten Kanner dunn och nach eng spannend Partie géint Moniteuren spillen, déi si just ganz knapp verluer hunn.

Den Owend kruten mer dunn vun eiser léiwer Kichen en leckeren Croque-Mr. gekacht an nodeems den Bauch gefëllt war. Sinn mer dunn op Siich nom geklauten Petzi Stracciatella gaangen deen aus dem Louvre geklaut gouf. Et huet sech eraus gestallt dass dësen vun der Mafia geklaut gouf, mee glécklecherweis konnten Kanner den Stracciatella rem befreien an zeréck bréngen.

Den Owend hunn mir dann eraus fonnt, dass den Kalkutta amfong mat enger Band Krimineller zesummen stecht, dei Famill vum Tamira an Laia  beklauen wellen, vir hiert Geld deen Aarmen an Benoodeleschten ze ginn.

No engem spannenden éischten Dag sinn Kanner haut den Owend gutt midd an hiert Bett gefall an direkt entschlooft.