Nodeems mir vill gesammelt, a Fotoe gemaach hunn a vill kniffeleg Rätsel geleist hunn fir bei der Demo vun den Emweltaktiviste matzemaachen, ware mir hongeresch an hunn eis op de leckeren vegetaresche Curry gestierzt.

Geschter dunn si mir bei Sonnenschein mat Musek aus dem Feldbett erwäscht ginn fir eis prett ze maachen fir e flotten Dag um Stau ze verbrengen.

Moies ware mir Kanu a Standup Paddling fueren. No engem Picknick ware mir erëm gestäerkt fir mëttes nach eng Kéier all zesummen op d’Waasser goen, wou mer verschidde Saachen austeste konnten.

Nodeems mir frësch geduscht zeréck um Camp waren, krute mir vum Kichenteam Gegrills a lecker Zaloten.

Haut de Moien hu mir dunn eis Saache gepak fir den eischten Dag vum legendären Hike. Sidd gespant op déi nächst Deeg a Fotoen. Bis geschwenn!