No enger flotter Nuecht op eisem Hike, hunn mir der Kichen gehollef een risen Brunch ze preparéieren. All Grupp huet sech em eppes anescht gekëmmert. Dono hunn mir all zesummen giess. Den Brunch hunn mir dunn mat enger spontaner Open Air Danzsession ofgeschloss.
Haut den Metten haten mir eng ganz Rei un Aktivitéiten. Mir konnten frei iwwer den Site goen an ëmmer grad datt maachen ob wat mir Loscht haten. Ob méi gemitterlech oder méi sportlech fir jiddereen war eppes dobäi.
Den Owend konnten mir eng Kéier erliewen wei datt esou um Gericht ofleeft. An eiser Geschicht ass nämlech d´Bomi Georgette vergëft ginn an lo muss natierlech opgedeckt ginn wien den Täter war…

Leif Gréiss,

Pol an Louise vum Päischtcamp