Op dësem leschten ganzen Dag, hun d’Kanner sech beim Frühstück een leckeren Picknick gemaach an et goufe sech eng leschte Kéier op den Wee gemaach an den Bësch. Moies stoungen Naturatelieren um Programm an d’Kanner konnten Bullisgesichter un Beem molen, Naturmandalen maachen, en Zwergenduerf bauen, en Mobilet aus Naturmaterialien bastelen an Hütten bauen an nach zwëscht ganz vill aaneren Atelieren wielen.

Mëttes goung et am Bësch virun mat engem Piraten-Stratego wou zwou Equipen sech drëms gebattelt hunn am meeschten Goldmënzen ze sammelen.

Dëst Joer konnten mir leider keng Disco organiséieren, mee dofir goufen d’Kanner an een Restaurant agelueden, wou d’Kanner vun den Moniteuren “à table” zerwéiert gouffen an den leschten Owend sech verwinnen konnten loossen mat engem 4-Gäng Menü. Bei dësem Menü kruten d’Kanner an engem schicken Kader Tomate-Mozzarella, en Sorbet, en Burger mat Kroketten an eng “Mousse au Chocolat” zerveiert. Ganz nostalgesch goung dësen Owend op en Enn an déi Kanner wou wollten konnten den leschten Owend zu Ierpeldeng ënnert fräiem Himmel schlofen.