Haut ass ët souwäit den Pendant zu den Olympeschen Spiller fënnt zu Ierpeldeng statt. Eis Spiller ouni Grenzen, kennen wirklech keng Grenzen an d’Kanner kréien den ganzen Daag een vollen Programm aus den verschiddensten Spiller gebueden. Dobei ass den Highlight déi zwou Kinnéksdisziplinen wou haut an den groussen Finalen néi Ierpel Helden gebuer gin.

Déi eischt Disziplin ass den Parcours, an dëser Sportaart muss een iwwert een riesegt Hinderniss vun 25 Meter sech duerchkämpfen an déi schnellsten Equipe kënnt an engem KO System wéider.

Den Counterstrike gëllt als Häerzstéck vun den Disziplinen do geet et drëms ähnlech wéi am Quidditch mat Tennisbäll an een Kuerf ze schéissen während deems déi géigneresch Equipe probéiert déi Equipe déi duerch den Terrain leeft oofzeschéissen. Dëst ass eng immens schwéier Disziplin fir d’Kanner.

Mir hoffen dass d’Wierder gut bléift, fir dass dësen Highlight vum Ierpel 1 wéi all Joer een Erfolleg gëtt an d’SOG Gewënner sech veréiwegen kënnen.