Haut op dësem schéinen Dag hunn d’Kanner sech op den Wee gemaach op den Hike. Um Hike schlofen d’Kanner ausserhalb vum Site bei engem Bauer, am Bësch oder op aneren flotten Platzen déi een an der Ëmgéigend vun Ierpeldeng entdecken kann.
Fir vill Kanner sinn dës 3 Nuechten een vun den villen Highlights vun der Kolonie. Wärend dësen Deeg gi déi eng gemittlech an den Park op eng Spillplaz, et gëtt duerch Höhlen & Bëscher gewandert, leider kënnen mir dëst Joer keng Schwämm besichen. Owes kachen d’Kanner dann mat hiren Moniteuren um Féier an ameséieren sech mat klengen Spiller ronderëm d’Lagerfeier.
Mir freeën eis schon drop en Samschdeg kënnen d’Kanner zeréck um Site ze begréissen.