Op dësem sonnegen Moien hun d’Kanner missten een Mord opklären. Déi laangjäreg Detektiven Jon an Jim hun mat den Kanner zesummen noom Täter gesicht an hunn schlussendlech rausfonnt, dass den Bauer Josi dësen Mord ze verschëllen haat.

No dëser opreegender Aktivitéit konnten d’Kanner beim Mëttegessen sech op een Tri de Pâtes freen. Fir wéider Fotoen vum Iessen kënnt dir gären eisen Instagram Account #sunsofthekitchen followen.

Mëttes goung et dunn weider mat der Traditiounssportaart vun Ierpeldeng. Dësen Strapsballtournoi hudd fir een haarden Wettkampf ënnert den Gruppen gesuergt. Als Ofschloss konnt den Gewënner Grupp sech och nacheenmol géint Moniteursequipe beweisen, dei schon eng laangjäreg Erfahrung um an dëser Sportaart um Bockel hunn.

Owes waren d’Kanner rëm op Besuch béi der Famill Mannergescheit, wou sech komesch Saachen an hirem néien Haus ofgespillt hun. D’Kanner hunn och d’Gesp an Ensta kennegeléiert, déi als Ghostbusters ëmmer op der Sich sinn fir Geeschter ze fänken. Bei der Porte Ouverte bekämpfen déi zwee mat hirem Kniecht dem Gogo een Dämon. Den Jérôme an Geraldine maachen sech op den Wee bei d’Ghostbusters fir se ëm Hëllef ze froen well et an hirem néien Haus spuucken géing. Bëssen skeptesch akzeptéieren d’Gesp an Ensta dem Géraldine an Jérôme bei der Sich vum Geescht ze hëllefen. Mir sin gespaant wei daat weidergoen wärt.