Haut den Moien sinn d’Kanner fir d’éischte Kéier an den Zelter bei eiser schéiner Sauer waakreg ginn. No engem gudden Frühstücksbuffet goung et lass mat flotten Bastel- an Sportsatelieren.

D’Kanner hunn sech Mëttes op den Wee an den Bësch gemaach, wou en grousst Spill um Programm stoung. Dobäi goung et drëms fir d’Alien aus dem Duerf ze verscheuchen déi eng Gefor fir d’Duerf duergestallt hunn. Owes goung et drëms wärend dem Nuetsrallye déi verschidden Stécker vun der Uleedung fir d’Waff ze sammelen déi d’Alien’s zeréck an den Weltall verscheuschen soll.

D’Kanner hunn sech haut bëssi méi speit wei soss and d’Bett gemaach, well eis léif Kichen d’Kanner nach mat engem gudden Schocki verwinnt hudd. Domadder goung den Dag 2 och scho op een Enn, Zeit verflitt immens schnell an d’Kanner sinn alleguerten voller Virfreed wat déi nächst Deeg nach esou usteet. #sunsofthekitchen