Dëst Joer kennen mir 49 Kanner zu Ierpeldeng begréissen fir mat der ganzer Ierpel Equipe 10 onvergiesslech Deeg ze verbrengen. Den Mëtteg gouff gestart mat enger Rëtsch Kennenleierspiller fir dass d’Gruppen hieren Teamspirit stärken kënnen.

Haut den Owend hunn d’Kanner sech beim Owesiessen op en gudden Croque Croissant gefreet, duerno goufen am Grupp puer kleng Spiller gemaach.

Bei der Geschicht léieren d’Kanner d’Famill Mannergescheit an hierem neien Doheem kennen geléiert. Hei mierken sie, dass net alles mat rechten Dengen zougeet. D’Laurédana an den Justin, d’Kanner vun der Famill, sinn déi eischt déi déi iwernatierlech Kräft am Haus spieren…