Eng éischte Kéier mëlle mir eis aus dem schéine Wäicherdang. No der éischter Nuecht am Zelt, si mir gemittlech an den Dag gestart, mat enger Gruppenchallenge. Dunn hu mir eis mat engem leckeren Chilli Con Carne gestäerkt a ware prett fir eis an Mettelalterzäit eranzeversetzen. Si haten en Dreiecksspill fir eis virbereet, mat kniwwelegen Quizzen an Aufgaben wou mir Rohstoffer sammelen konnten fir eis Festung ze bauen. Owes dunn hunn mir een battle fir eis Festung ze verteidegen. Muer wäerten mir den ganzen Dag um Stau mat spannenden Aktivitéiten wei Kloteren, Stand up Paddle an Kayak.

Wéi et déi nächst Deeg wieder geet, gëtt nach net verroden, kommt einfach reegelméisseg op de Blog luussen.

Mir schécken tonne Spaass a vill gutt Laun bei iech heem 😊 Bis geschwënn, Moniteuren an déi Jonk vum Adventure Camp 2020