Léif Animateuren,

D’Situatioun ass net flott, mee ännere kënne mir se leider och net.

Aus de bekannten aktuellen Ursaachen, huet den SNJ decidéiert datt ALL d’Aktivitéiten bis de 14.07.2020 annuléiert gi sinn.

Eventuell kënnen e puer Formatiounen, déi tëscht elo an dem 14. Juli geplangt waren nach nogeholl ginn.

Hoffe mer einfach, datt d’Laach sech bis virum Summer nach däitlech bessert, fir datt wéinstens d’Kolonien am Summer wéi gewinnt lafe kënnen.

 

Bis dohin,  bleift gesond a monter.

 

Tom