Säitdeem d’Kanner gëschter op der Kolonie ukomm sinn, ass scho vill geschitt. Mëttes an Owes hunn se all enger Mafiafamill gehollef hiren Imperium erëm opzebauen. Dobäi hunn Reen a Bulli si bei hirer Aufgab net ofgehalen, mee de Stressfaktor souguer erhéicht. Owes hu mir all d’Jane, de Piko an den Uga kennegeléiert a si gespaant, wéi deenen hiert Abenteuer haut den Owend weider goe wäert.