Wéi all Joer ass och 2019 den 23. Dezember Rendez Vous fir déi annuel Assemblée Générale vum Groupe Animateur.

Jiddereen ass haërzlech invitéiert fir um 20.00 op Ierpeldeng ze kommen an nom offiziellen Deel och un der Chrëschtfeier deelzehuelen. Natierlech gëtt et och eppes ziessen an ze drénken!

Fir all déi, déi hir Memberskaart bezuelt hunn: Et ass wichteg, datts du och scho fir 19h30 do bass, fir iwwer d’Ännerung vun de Statuten ofzestëmmen! Falls du net komme kanns, da fëll d’Procuratioun aus, déi s du geschéckt kritt hues oder mell dech op info@groupe-animateur.lu oder beim Tom Fischer, falls du eng Fro dozou hues.

 

Du kanns dech och elo scho fir dësen Event bei den internen Aktitvitéiten umellen!

 

Mir freeën eis dech ze gesinn,

 

De Comité